Hannert dem Mëschpult: Fonclair

E klenge Réckbléck op iwwer 15 Joer DJ-Karriär.
"Ech hunn e Video gesi vu mengem beschte Kolleeg sengem Brudder, dee 'gescratched' huet", erënnert sech den Dean Strasser, wéi den DJ u sech heescht. "Dat war nach op Kassetten. An ech hat eng richteg Obsessioun mam 'Scratching' fir 5,6 Joer. Ech hu souguer bei Kompetitioune matgemaach."
Iwwer déi nächst Joren huet hien dunn awer och eng ganz Rëtsch aner Genren ausprobéiert, op diverse Plazen uechter d'Land opgeluecht a säin Numm och e puer Mol changéiert. Fir den Ament ass hien awer bei "Fonclair" hänke bliwwen a beweegt sech domat am House, Techno, Disco a Soul-Beräich.
"Mir ass et wichteg, dass d'Musek 'groovy' ass a vill Bass huet. Vu mir aus, kann et och emol méi minimal sinn, mä ech bréngen dann awer ëmmer meng perséinlech Touche ran a maachen et e bësse méi 'funky'."

Allgemeng leet hie vill Wäert op d'Qualitéit vun de Lidder - "ech si ganz kriddeleg a mengem Selektiounsprozess, dofir fannen ech ni vill nei Lidder", laacht hien - an op d'Iwwergäng. "Pro Set, hunn ech villäicht zwee bis dräi nei Lidder, mä d'Erausfuerderung ass dann, nei Remixer vu menge Setter ze maachen an déi puer nei Lidder mat anzebauen."
Domat schéngt hie souwuel hei zu Lëtzebuerg ewéi och am Ausland vill Uklang ze fannen an huet, ënner anerem, schonn zu Bréissel, zu Berlin, Paräis an Amsterdam opgeluecht, an hat divers Residenzen a Clibb hei am Land.
"Ee vu mengen Highlighten als 'Fonclair' war wierklech am 'Gudde Wëllen' opzeleeën, well et ni d'selwecht ass an d'Stëmmung ass vergläichbar mat Clibb zu Bréissel, zum Beispill."
Nieft dem Opleeën ass de Fonclair den Ament awer méi fokusséiert op säi perséinleche Projet: Privat-Partien, déi sech un d'queer Communautéit adresséieren a bei deenen 8 digital Artiste matschaffen. Déi éischt Soirée war am Abrëll zu Berlin. Wéini déi nächst Soirée ass, ass nach onkloer. Aktuell Informatiounen an Datumer fënnt een op senge soziale Medien.