E Portrait iwwert e Kënschtler dee keng Kompromësser ageet

De Jeremy Palluce ass e jonken Artist dee sech iwwert déi leschte Joren an der Lëtzebuerger Konschtzeen manifestéiert huet. De pluridisziplinäre Kënschtler léisst sech net agrenzen a scheit sech net op ze falen oder mol ze provozéieren. Seng neisten Expositioun ass zanter dem 06. Juli zu Esch op.

An der Galerie Schlassgoart krut de Jeremy Palluce Carte Blanche. En notzt de d’Gebäi wat deemools vun der Arbed gebaut ginn ass fir de Lien zu senger Famill mat italieeneschen Originnen ze zéien. E behandelt awer och Situatiounen aus sengem Alldag.

Et muss ee 50/50 mat der Galerie deelen. Dofir hunn ech 50% Artist 50% Galerist geschriwwen. Normal stierflech Leit wëssen dat net. Ech fannen et interessant dass ech an der Galerie Schlassgoart just 25% ofdrécke muss. Dowéinst hunn ech en «Next Level» vum Bild gemaach : 75/ 25 seet eis de Kënschtler.

D’Lëtzebuerger Konschtzeen ass fir den 28 Joer jonke Kënschtler an enger Entwécklungsphas. Et gëtt nach kreativ Loft no uewen :

Et gëtt ganz vill Galeriekonscht a kommerziell Konscht zu Lëtzebuerg. Biller op d’Mauer hänken a verkafen a Sue verdéngen gëtt et mega vill. Ech gesinn awer net esou vill Leit déi sech vill trauen. Puer trauen sech eppes, mee et kéint villäicht nach méi sinn esou de Jeremy Palluce.

En éischten Numm huet der Kënschtler sech ënnert dem Pseudonym Skobe als Graffitikënschtler mat enger eegener Kleedermark gemaach. Haut konzentréiert hie sech sech manner op Moud mee schafft mat allem wat en an de Grapp kritt. Seng Wierker sinn immens konzeptuell : hannert einfache Kompositioune stiechen déifgrënneg Messagen a Geschichten.Hie gëtt net vill Erklärung zu senger Konscht an ass sech bewosst, dass et doduerch heiansdo villäicht schwiereg ass dës ze direkt ze verstoen.

Ech sichen de Kontakt mat de Leit. Wann d’Leit op der Vernissage komme kënnen se ganz gäre mat mer schwätzen. Da kënne mer philosophéiere wat et da lo kéint bedeiten. Et gëtt 8 Milliarde Wourechten. Wann iergend ee seet «Dat heiten ass décke Sch****» dann ass dat och OK. Dat stëmmt och schmunzelt de Kënschtler.

RTL

An der Ausstellung och Wierker vum Pol Summer integréiert an et fënnt een och Kollaboratioune vun deenen zwee Kënschtler an der Expositioun. De Jeremy Palluce ass och dankbar dass d'Lea Giordano mam Kënschtler geschafft huet fir de Projet relativ kuerzfristeg realiséieren ze kréien. 2024 wäert de Jeremy Palluce gemainsam mam Pol Summer an am Schlassgoart ausstellen.

Et ass e kompromësslose Kënschtler deen eréischt am Ufank vu senger Karriär steet a sécher nach vun sech schwätzen doe wäert. Nach bis den 22te Juli kann ee mam Jeremy Palluce iwwert seng Ausstellung a Konscht am Allgemenge schwätzen. Dat an der Galerie Schlassgoart zu Esch.

E längeren Interview mam Jeremy Palluce :

E längeren Interview mam Jeremy Palluce
De jonke Kënschtler Jeremy Palluce am Interview