
Dee klenge Josy fält vun der Mauer, zum Gléck geschitt him näischt! Mä vun do u wullt hien ëmmer an der Nues. Méi gëtt net verroden... ech hu mech op alle Fall iwwer d'Pointe futti gelaacht!
Trotzdeem huet den Auteur Joseph Kayser e puer Froen zu sengem éischte Kannerbuch beäntwert.
Jos, wéi bass du eigentlech op dës Geschicht komm?
Joseph Kayser: "Mir ass opgefall, dass Erwuessener oft zimmlech streng mat de Kanner verfueren, wa se mol de Fanger an der Nues hunn. Mat enger lëschteger Geschicht wollt ech erzielen, dass et wuel och, zumools fir Kanner, ganz gutt Ursaache gi kann, firwat een an der Nues wullt. An amplaz d'Kanner ze culpabiliséieren an ze vernennen, soll ee sech emol hir Geschicht ulauschteren. Dobäi wollt ech dat alles awer net ze vill eescht huelen an um Enn dann all dem Protagonist seng Frënn weisen, wéi se de Fanger an der Nues stiechen hunn."

Wéi war d'Zesummenaarbecht mat der Zeechnerin Sandra Martins?
Joseph Kayser: "Mir hu just iwwert de Verlag, Perspektiv Editions, an iwwer Mail kommunizéiert an eis eréischt op de Walfer Bicherdeeg richteg kennegeléiert. Mir huet dee proposéierte Stil direkt gutt gefall an dofir konnt ech dem Sandra vertrauen an him fräi Hand loossen."
Bis elo hues du haaptsächlech Romaner an Novelle fir Erwuessener geschriwwen?
Joseph Kayser: "Et ass mäin éischt Kannerbuch an ech hu musse feststellen, dass et grad esou vill Aarbecht ass, wéi e Roman ze schreiwen. Et ass vill Detailaarbecht verlaangt an de Feedback vum FOCUNA war immens wäertvoll, fir dee Projet hei ze maachen."
Extrait aus dem Buch:
Dem Josy seng Geschicht huet sech schnell erëmgeschwat. Hien hat tatsächlech schlëmme Bass an deemno wierklech eng Ursaach, fir an der Nues ze wullen.
Mee d’Kanner hunn zanter deem Dag alleguerten dovunner profitéiert, wa si mam Fanger an der Nues erwëscht gi sinn, a behaapt, si géinge grad e wonnerschéinen Diamant an der Nues sichen.
De Joseph Kayser, gebuer 1964, ass duerch Erzielbänn, Novellen a Romaner bekannt ginn. "Den Nuesewullert" ass säin éischt Kannerbuch.
D'Sandra Martins, 1987 gebuer, schafft als fräiberufflech Illustratorin a Kannerbuch-Autorin. Si huet ënner anerem d'Serie "D'Sasha an de Flint" geschriwwen an illustréiert.
"Den Nuesewullert"
Joseph Kayser (Text)
Sandra Martins (Illustratiounen)
erauskomm bei PersPektiv éditions
ISBN 978-2-919838-02-8
32 Säiten
19,50€