"Den Titel 'Ruin Echoes' ass eppes wat undeit, net nëmme Ruinen an hirem nostalgeschen oder historeschen Zoustand ze gesinn, mee och wat an der Zukunft mat hinne geschitt."
An der Ausstellung gëtt sech ganz ënnerschiddlech mam Thema vun de Ruinen auserneegesat. Et si quasi all Konschtforme vertrueden, ma wat awer opfält, ass dass guer keng Mënschen an de Wierker ze gesi sinn. Et ass d'Architektur vun de Ruinen, déi am Mëttelpunkt steet. De Curateur, Christian Mosar, erkläert.
"Ech mengen, dass muttwëlleg Zerstéierungen, déi och Konsequenze fir d'Liewe vun de Mënschen hunn, iwwert d'Bild vun der Architektur ganz symbolkräfteg sinn."
Mat muttwëlleger Zerstéierung setzt sech an der Ausstellung zum Beispill och den Däitsche Kënschtler Julian Rosefeldt auserneen. Dat a senger Videoinstallatioun "Detonation Deutschland", déi eent vun den zentrale Wierker aus der Expo ass. Hei gesäit een op siwe Bildschiermer ënnerschiddlech Gebaisprengungen aus Däitschland nom zweete Weltkrich.
"Ruin Echoes" hëlt ee mat op eng Rees duerch ganz verschidde Ruinen, iwwerall op der Welt an iwwerléisst dem Public de Choix ze entscheeden, wat an Zukunft mat Ruine geschéie soll. Och Lëtzebuerg fënnt hei seng Plaz. Op der Affiche vun der Expo ass eng Foto vum Kathedral-Brand 1985 ze gesinn.
De Christian Mosar:
"Deemools ass den Tuerm vun der Kathedral verbannt, an nëmmen 30 Minutten. Kathedralen, grouss historesch Gebaier, si Gebaier, wou een denkt, se wiere fir ëmmer do. Déi Vitesse vun 30 Minutten, huet gewisen, wéi schnell a wéi onsécher sou Situatioune sinn, souguer an der historescher Architektur. Dofir hu mer déi Foto als Symbol geholl. Se weist gläichzäiteg d'Vergänglechkeet, awer och d'Vitess vun der Vergänglechkeet."
D'Ausstellung "Ruin Echoes“ an der Konschthal zu Esch ass bis de 14. Februar ze gesinn. Weider Informatioune fannt Dir hei.