Grënnungsmember vun de Beach BoysDen US-Museker Mike Love ass mat 85 Joer gestuerwen

AFP, iwwersat vun RTL
De Sänger war ënner anerem fir seng Bariton-Stëmm bekannt.
De Mike Love bei engem Optrëtt zu Marbella a Spuenien am Juli 2025.
De Mike Love bei engem Optrëtt zu Marbella a Spuenien am Juli 2025.
© JORGE GUERRERO/AFP

Den US-Museker a Grënnungsmember vun de Beach Boys Mike Love ass am Alter vu 85 Joer gestuerwen. Wéi eng Rei US-Medie mellen, hätt dem Love säi Spriecher den Doud vum Sänger e Samschdegowend offiziell bekannt gemaach. Eng Doudesursaach huet hien net genannt.

De Love huet d'Beach Boys am Joer 1961 zesumme mat senge Cousinen Brian, Dennis a Carl Wilson an dësem hiren Noper Al Jardin gegrënnt. Schonn d'Joer drop hate si mat "Surfin USA" hiren éischte groussen Hit. Weider bekannte Lidder waren "I get Arond", "California Girls", "Good Vibrations", "Wouldn't It Be Nice" a "God only knows".

De Mike Love huet an der Band de Bariton gesongen. 1988 goufen d'Beachs Boys an d'Rock & Roll Hall of Fame opgeholl.

Back to Top
CIM LOGO