Lëtzebuerger Filmakademie schéckt "Läif a Séil" an d'Course

Bei den Oscars geet de Film an der Kategorie "Best International Feature" a bei de Goyas fir "Best European Feature" an d'Course.
An de Selektiounscomité vun der Filmakademie a vum Filmfong huet decidéiert, wie se an d’Course fir d’Oscars a fir d'Goyas schécken: De Film "Läif a Séil" vum Loïc Tanson a Samsa Films, mat der Sophie Musel an der Haaptroll.
An der Geschicht geet et ëm e klengt Meedchen, deem eppes Schlëmmes geschitt an dat 15 Joer méi spéit, ënnert engem aneren Numm an enger aner Identitéit, gespillt vum Sophie Mousel, zréck an en Duerf kënnt, fir seng Revanche ze huelen. Weider Detailer an en Abléck hannert d'Kulisse vum Film, fannt der an eisem Reportage, wou mer een Dag bei den Dréiaarbechten dobäi waren. An och am Podpurri mam Loïc Tanson war säi Film e grousst Thema.