"Steel Life": De Minett duerch d'Ae vum Romain Urhausen
Mat vill Poesie a Léift fir seng Regioun huet de gebiertege Rëmelenger de Minett ëmmer nees virun d’Lëns geholl.
Steel Life. En Titel, deen d’Wierk vum Romain Urhausen beschtens beschreift. Stol war nämlech ëmmer am Mëttelpunkt vu senge Kreatiounen. Sief et a Form vu Fotografien, Design Objeten oder Bijouen. Zwee Joer nom Doud vum Kënschtler weisen d’Galerie Schlassgoard an d’Associatioun Lëtz Arles säi Wierk nees dem Public.
Virun allem tëscht de 1950er a 1970er Jore war de Romain Urhausen als Fotograf aktiv. Eng Karriär, déi e bis op New York bruecht huet, wou den Edward Steichen seng Fotoen 1953 am MOMA ausgestallt hat. Dobäi huet sech de Minetter virun allem mat de Stolwierker ausenaner gesat. Ënnert anerem huet hie vill op Commande fir d’Arbed geschafft. Et wier een deemno séier gewollt, seng Aarbecht als dokumentaresch ze bezeechnen. Ma d’Stäerkt vum Fotograf louch virun allem doran, dat Kënschtlerescht aus der Realitéit ervirzehiewen. D’Ausstellung ass e richtegen Tour de Force, eng poetesch Ode un eng Regioun, déi wuel kaum en anere Kënschtler mat esou vill Leidenschaft portraitéiert huet. En Hommage un e Kënschtler, deem seng Relevanz duerch de Stee bis an de Stol gemeesselt ass.