D’Margret Steckel huet Kuerzgeschichten, Erzielungen a Romaner geschriwwen, déi Ufanks haaptsächlech autobiographesch gepräägt waren. Wichteg Momenter vun der europäescher Geschicht vum 20. Joerhonnert, wéi z.B. den Nationalsozialismus an d’Realitéit vun der fréierer DDR, goufe vun der gebierteger Rostockerin Margret Steckel duergestallt. 1983 huet si sech zu Lëtzebuerg niddergelooss an huet bis haut 15 Bicher geschriwwen.
D’Kulturministesch Sam Tanson huet der Laureatin gratuléiert: “Duerch hiren literareschen Aktivismus huet d’Margret Steckel déi lokal Literatur-Zeen zanter 40 Joer beräichert. Op där enger Säit verkierpert si d’Erënnerung vun dësem Milieu, op där anerer Säit wäert dës Éierung ouni Fro d’Visibilitéit vun der weiblecher Literatur zu Lëtzebuerg verstäerken.”
De Jury war zesummegesat aus:
Jean-Claude Henkes
Jérôme Jaminet
Lambert Schlechter
Odile Simon
Tamara Sondag
Sébastian Thiltges
Nathalie Jacoby
De Batty Weber Präis ass mat 10.000 Euro dotéiert.
Margret Steckel op www.autorenlexikon.lu