Gewënner vum däitsche Buchpräis 2023 - Interview mam Tonio Schachinger

Fir säi Roman "Echtzeitalter" krut den Tonio Schachinger den däitsche Buchpräis 2023
De Gewënner vum däitsche Buchpräis 2023 kënnt aus Eisträich: Den Tonio Schachinger, Joergang 1992, huet mat sengem Coming-of-Age-Roman «Echtzeitalter » net nëmmen d’Jury vum däitsche Buchpräis beandrockt. Dobäi ass den Ausdrock « Coming-of-Age-Roman » e bësse kuerz gegraff. Et ass e Gesellschaftsroman, deen d’Realitéit vun der Wiener Gesellschaft am zweete Jorzengt vum 21ste Jorhonnert kritesch beliicht – dat mat enger fotografescher Genauegkeet an enger Treffsécherheet déi hiresgläiche sicht. (An déi natierlech och ausserhalb vun Eisträch grad esou relevant ass)
D’Erzielung begleet den Haaptpersonnage, den Till Kokorda, duerch seng Schoulzäit an engem elitäre Wiener Lycée. Wien hei an d’Schoul geet, dem seng Elteren hu Suen, a Prestige. Vun Ufank un fillt den Till sech net esou richteg wuel an dem snobisteschen Ëmfeld, ëmsou méi, well säi Régent, deen ominéisen Här Dolinar, méi un en Diktator erënnert wéi un en Enseignant. Mä den Till féiert en Duebel-Liewen: a senger Fräizäit spillt hien d’Computerspill Age of Empires 2, en Echtzäit-Strategie-Spill. Iwwerdeems den Till an der Welt vun de Gamer sou eppes wéi e Star gëtt, leide seng schoulesch Leeschtungen, an de Schoulbouf Till Kokorda gëtt vun dem sadisteschen Dolinar ëmmer méi schikanéiert. Gläichzäiteg ass hien och e ganz normalen Teenager, e geet op Partyen, e verléift sech an, ouni et ze mierken, gëtt hien erwuessen.
Am Interview, deen op der Frankfurter Buchmesse opgeholl gouf, schwätzt den Tonio Schachinger iwwer seng Reaktioun bei der Verleihung vum däitsche Buchpräis, iwwer d’Welt vum Gaming an hie verréit wéi ee Roman vun engem Lëtzebuerger Auteur him besonnesch gutt gefall huet!
Den Tonio Schachinger, gebuer 1992 zu New Delhi als Jong vun engem éisträicheschen Diplomat an enger mexikanesch-ecuadorianescher Mamm, stoung schon eng Kéier op der Shortlëscht vum däitsche Buchpräis, dat mat sengem éischte Roman «Nicht wie ihr».
«Echtzeitalter» vum Tonio Schachinger ass bei Rowohlt erauskomm
ISBN 978-3498003173
368 Säiten
25,20€