De "Skandal"-Regisseur Gaspar Noé am RTL-Interview
Am Kader vum LuxFilmFest war de Gaspar Noé zu Lëtzebuerg, dat, well hien ënnert anerem eng Masterclass an der Stater Cinemathéik ginn huet.
De franséische Regisseur, deen a sech an Argentinien gebuer awer a Frankräich opgewuess ass, gëllt spéitstens zënter sengem Film "Irréversible" aus dem Joer 2002 zu de wuel ëmstriddensten, awer gläichzäiteg och kreatiivste Käpp an der internationale Filmwelt. Am Kader vum LuxFilmFest war de Gaspar Noé e Samschdeg zu Lëtzebuerg, dat well seng Filmer alleguerte gewise goufen. Heiriwwer freet de Realisateur sech och am RTL-Interview, ma beim Theema "Masterclass" ugeschwat, weist hien sech dann dach éischter skeptesch.
"Quand on m 'a dit: Est -ce que tu veux venir au festival, on peut faire un truc... Je suis très content que mes films soient vus, mais la "Masterclass", classe de maître, j 'y crois pas une seconde. J 'ai pas l'impression d'être un maître des films. Je m'amuse à les faire, en plus on me paye pour les faire, et voilà, et c 'est avec ça que je m 'achète des DVD, des Blurays et que je paye des verres à mes amis..."
Bei der Masterclass an der Cinémathéque huet et sech a sech och méi ëm eng Retrospektiv vu senge Filmer gehandelt, wéi ëm eng richteg Masterclass am eigentleche Sënn. Dës wier och schwéier an annerhallef bis zwou Stonnen ënnerzekréien. Ma hei wier et den Challenge, fir de Leit nei Blécker op seng Filmer ze ginn a sech net ëmmer mussen ze widderhuelen. Hei wier et, wéi wann hien ëmmer nees géif gefrot ginn, wéi vill 1+1 wier, ouni awer all Kéiers mussen déi evident, awer "langweileg", Äntwert ze ginn.
E Film vun him, iwwert dee beispillsweis manner geschwat gëtt an et eventuell manner Äntwerte bis ewell gouf, an och bei der Retrospektiv e Samschdeg de Mëtteg wéineg am Zentrum stoung, ass "Lux Æterna", e sougenannte "Moyen-Métrage" aus dem Joer 2019, also eng relativ seele Kategorie vu Filmer, déi Längten tëscht 30 a 60 Minutten hunn. Hei erkläert de Gaspar Noé, dass et a sech vill méi e kuerze Film hätt solle ginn, deelweis war rieds vu 5-10 Minutten. Ma well sou vill finanziell Mëttelen zur Dispositioun stoungen a 5 Deeg gedréint gouf, ass de Film knapp iwwer 50 Minutte laang ginn, dat mat enger neier Method, dem Splitscreen. Ouni dës Technik wier de Film souguer nach méi laang ginn, sou den Noé, deen haut näischt méi un der Längt vum Film verännere géif:
"Et bizarrement, le film, qui a trouvé sa durée naturelle de 52 minutes, pour un tournage de 5 jours improvisés, a été prêt pour le Festival de Cannes. Et on l'a montré. Mais après, il était prêt à la fin du premier confinement. Il y avait des salles de cinéma, qui n 'avaient pas de films. Et le film, il a marché commercialement. Il est même sorti en plein d'autres pays."
Et ass souguer sou, dass wéinst Covid de Film a vill méi Länner wéi soss a Form vun DVD erauskomm ass an dohier méi e grousse Succès hat, wéi ee sech dat geduecht hat, wat de Gaspar Noé natierlech freet.
Filmer, déi de Regisseur op alle Fall, egal wéi laang oder kuerz se sinn, net gären huet an och näischt dru fënnt, si beispillsweis Marvel-Filmer, respektiv Superhelde-Filmer am Allgemengen. Ugeschwat op Netflix, eng Plattform, déi sou Filmer jo gäre weist an an Onmasse produzéiert, betount de Gaspar Noé, dass hie keen Abonnement do hätt.
"En espace de 10 ans, j 'ai vu deux séries télé. J'ai vu "Tchernobyl", dont les 4 épisodes, ensemble, font 4 heures. Et je trouva ça super bien. Et on m 'a tellement dit, toi, toi, y en a une série que tu vas voir, qui s 'appelle Euphoria, mais comme j 'ai pas les plateformes... Finalement, j'ai trouvé un coffret de DVD avec 18 épisodes. En un week -end, je regardais les 18 épisodes, j'adorais. Mais en dehors de ça, j 'ai jamais vu une autre série télé depuis mon enfance."
Dacks gouf hie scho gefrot, fir eng Serie ze maachen, ma hei hätt hie wéi gesot ze wéineg Erfarung mam Format. Eenzeg a laange Film maachen, deen a 4 schneiden an sou eng Serie vu 4 Episoden ze maachen, kéint den Noé sech virstellen.
Hien ass dann och frou, dass et a verschiddene Länner, wéi zu Lëtzebuerg, nach Cinemathéike géife ginn, well et praktesch net méi méiglech ass, usprochsvolle Kino a richteg Kinoe kucken ze goen. Dëst géifen ëmmer méi Plattforme wéi "Mubi" iwwerhuelen, wat hien als Realisateur natierlech bedauert.