Eng Expo iwwer ErënnerungenWat bleift vun enger Persoun no hirem Doud?

RTL Lëtzebuerg
"5 Zëmmere mat Patrimoine, 5 Weeër an d’Vergaangenheet", esou heescht d'Expo vum däitsche Kënschtlerduo Christoph a Sebastian Mügge.
Eng Expo iwwer Erënnerungen: Wat bléift vun enger Persoun no hirem Dout?
“5 Zëmmere mat Patrimoine, 5 Weeër an d’Vergaangenheet”. Esou heescht d’Expo vum däitsche Kënschtlerduo Christoph a Sebastian Mügge.

“Si haten do eng ganz flott Geschicht erzielt. (...) An zwar hu si gesot, hir Boma war gestuerwen. Mat där ware si ganz frou an dunn hu si gehollef, hiert Haus eidel ze maachen. An de fin mot war: Wat bleift vun engem iwwereg, wann ee stierft?”, esou d’Marguerite Wagener vum Aarbechtsgrupp vum CAW, déi d’Kënschtler 10 Deeg laang wärend dem Opbau begleet huet.

Weider haten de Christoph an de Sebastian Mügge d’Iddi, fir d’Bierger vu Walfer an hirer Expo ze integréieren. Esou hu si zesumme mat der Gemeng en Opruff lancéiert, fir datt d’Leit hinnen al Souveniren a Géigestänn vu fréier zur Verfügung stellen. Deemno sinn hir Installatiounen net nëmmen zimmlech chaotesch, mee och mat perséinleche Geschichte verbonnen. Jiddereen, deen eppes ofginn huet, konnt nämlech och nach eng kleng Anekdot dobäi schreiwen.

A wëll déi zwee däitsch Kënschtler net wierklech vill iwwert d’Gemeng woussten, hu si sech Hëllef vun enger kënschtlecher Intelligenz geholl. Ënnert anerem hu si ChatGPT gefrot, fir hinnen eppes doriwwer ze erzielen, an do sinn eng Partie kuriéis Saachen zesummekomm.

Z’entdecken ass d’Expo nach bis de 24. Mäerz an der Gemengegallerie CAW zu Walfer.

Back to Top
CIM LOGO