Amerikanesche Sculpteur Richard Serra am Alter vu 85 Joer gestuerwen

© MIREYA ACIERTO / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / Getty Images via AFP
1996 hat de Richard Serra d'Skulptur "Exchange", déi an der Mëtt vum Rond-point um Kierchbierg steet, entworf.
De Rond-point, an deen een erafiert, wann ee vun der Autobunn aus op de Kierchbierg kënnt, gëtt zanterdeem ëmgangssproochlech "Rond-Point Serra" genannt.

En Dënschdeg ass hiren Auteur Richard Serra am Alter vu 85 Joer a sengem Doheem am New Yorker Staddeel Long Island gestuerwen. Dat huet säin Affekot géigeniwwer der New York Times confirméiert. Hie koum 1939 als Bouf vun engem spuenesche Papp an enger Mamm mat russeschen a jiddeschen Originnen op d'Welt. Hien huet fir d'éischt zu Kalifornien op der Uni Englesch Literatur studéiert, ier hien zu Yale Visuell Konscht studéiert huet.
Als Kënschtler gouf hie virun allem wéinst senge grousse Skulpture bekannt, déi queesch uechter d'Welt stinn, vu Paräisser Muséeë bis zur Wüüst am Katar.