Nei Presentatioun vu moderner an zäitgenëssescher Konscht-Kollektioun
No ganzer véier Joer Renovatiounsaarbechte konnt den Nationalmusée um Fëschmaart de 15. Mäerz endlech d'Reouverture vu sengem 4. Stack feieren.
Dat mat enger ganz neier Presentatioun vu senger ëmfangräicher Kollektioun vu moderner an zäitgenëssescher Konscht. Eng Sammlung, déi vun der Skulptur an der Molerei iwwer d'Fotografie bis hin zur Video-Konscht alles ze bidden huet. "Collections / Revelations", sou den Titel vun där neier Ausstellung. En Dialog tëscht Wierker aus verschiddenen Epochen a vu verschiddene Stiler a Medie kreéieren – genee dat mécht d'Ausstellung "Collections / Revelations". Mat ganzer 65 Wierker verdeelt op 5 Themeberäicher, wéi Natur, Formen a Gesiichter kritt de Visiteur um 4. Stack eng ganz nei Perspektiv op dem Musée seng Sammlung vu moderner an zäitgenëssescher Konscht gebueden.
D'Ausstellung kreéiert Lienen tëscht nationale Kënschtler wéi Martine Feipel & Jean Béchameil, Tina Gillen oder Michel Majerus an internationale Kënschtler wéi René Magritte, François Pompon oder Natalia Dumitresco. Zu den absolutten Highlighte gehéiert eng Siicht op Cannes vu kengem anere wéi dem Pablo Picasso.
Donieft gëtt et och d'Maquette vun der monumentaler Skulptur "Exchange" (1996) vum amerikanesche Kënschtler Richard Serra ze entdecken, déi um Kierchbierg an der Mëtt vum Rond-point Serra steet.
Méi wéi 30% vun den ausgestallte Wierker sinn nei Acquisitiounen, déi nach ni virdrun am Nationalmusée gewise goufen.
D'Ausstellung "Collections / Revelations" leeft bis de 15. Mäerz 2026.