Lëtzebuergerin huet mat rouder Faarf op Tableau vum Courbet gesprayt

© Jean-Christophe Verhaegen / AFP
E Méindeg am fréien Nomëtteg hat d'Deborah de Robertis mat rouder Faarf op den Tableau "L'Origine du monde" vum Gustave Courbet aus dem Joer 1866 gesprayt.
Dëse war am Centre Pompidou zu Metz ausgestallt, deen e vum Musée d'Orsay ausgeléint krut.
D'Konschtwierk, op deem eng plakeg Fra ze gesinn ass, wier duerch eng Vitrinn protegéiert gewiescht, esou d'AFP. D'Police ass op der Plaz, fir weider Analysen ze maachen.
Dës "Aktioun" hat déi franséisch-lëtzebuergesch Kënschtlerin Deborah de Robertis ënnert dem Numm "Et trennt een d'Fra net vum Kënschtler" lancéiert.
Et géinge scho verschidden Interpellatioune ginn, de Parquet vu Metz huet sech nach net geäussert.
Am Mee 2014 hat d'Deborah de Robertis schonns eng Kéier fir Opmierksamkeet gesuergt, wéi si sech am Musée d'Orsay plakeg virun dem Gustave Courbet säi Wierk gesat hat. Eng Foto vun dëser Aktioun, déi si "Miroir de l'Origine du monde" genannt huet, hänkt net wäit ewech vun dësem Tableau, dem "L'Origine du monde", am Centre Pompidou zu Metz.

© JEAN-CHRISTOPHE VERHAEGEN AFP
Leschten Donneschdeg war d'Kënschtlerin zu enger Geldstrof vun 2.000 Euro verurteelt ginn, well si sech 2018 plakeg virun der Muttergottes-Statue an der Grott zu Lourdes gewisen hat.