Déi franséisch-lëtzebuergesch Performance-Kënschtlerin muss sech wéinst dëser Aktioun am Mee virum Strofgeriicht zu Tarbes a Frankräich veräntweren.

D'Déborah de Robertis hat sech nämlech e Freideg virun der Muttergottes-Statue an der Grott presentéiert. An zwar ganz plakeg. Eenzeg e bloe Schleier hat déi 34 Joer al Kënschtlerin sech ëm d'Schëllere geluecht. Wéi et an de Medien heescht, wären direkt e puer Pilger do gewiescht, fir d'Fra ze bedecken.

D'Police gouf geruff, d'Déborah de Robertis gouf interpelléiert an duerno e puer Stonnen am Garde à vue festgehalen. Esou sot de Procureur vun Tarbes géintiwwer der Noriichtenagence AFP. D'Fra hätt iwwerdeems mam artisteschen Interêt vun dëser Aktioun argumentéiert. Dee léist dn Sanctuaire vu Lourdes awer net gëllen, deen huet nämlech Plainte géint d'Artistin gemaach. Hien huet d'Performance vum de Robertis en ''exhibitionisteschen Akt'' genannt, deen dat reliéis Bewosstsinn net géif respektéieren.