De Joe Freilinger huet sech dëse Summer zur Missioun geholl, säin éischte Long Métrage ze filmen. Virdrun hat hie schonn dräi Kuerzfilmer realiséiert. 

D’Geschicht: eng Vermësstemeldung, wéi den Titel "Vermësst" et scho seet. D’Dréibuch gouf vum Joe senger Bomi dem Annette Streitz geschriwwen. Déi 75 Joer al Madamm wollt hirem Enkel eng Freed maachen. Wéi d’Geschicht bis fäerdeg war, si Bomi an Enkel nach eng Kéier zesummen driwwer gaangen, fir déi eng oder aner Saach unzepassen. 

Den Dréi huet 2 Woche gedauert an am ganze waren ëm déi 50 Leit dru bedeelegt. Statisten, Schauspiller, technesch Ekipp: eng Mëschung vu Kolleegen, Famill, mee awer och Persounen, déi extra fir de Film gesicht goufen. Esou och d’Technesch Ekipp, déi aus dem Pit Serrig, Rick Steffen an dem Owen Kremer besteet. Allen dräi si se tëschent 14 a 15 Joer jonk a gehéieren zu engem Grupp vun 8 Schüler aus dem Lycée Ermesinde, déi sech fonnt hunn an d’Passioun vum Film a Video zesummen ausliewen.

D’Material, dat déi 3 Jonk benotzten, gehéiert deels hinnen, deels der ASBL Feierblumm Productions. Si sinn nëmmen ee vun de 25 Sponsoren, déi gehollef hunn dem Joe den Dram vum eegene Long Métrage ze erfëllen. Am ganze krut de Joe 8.000 Euro zesummen, fir de Film ze realiséieren. D'Dréiaarbechte sinn no zwou Wochen ofgeschloss. De Film soll am Abrëll 2025 komplett fäerdeg sinn.