"Das Gewicht eines Vogels beim Fliegen" ass den neie Roman vun der rumänesch-schwäizerescher Schrëftstellerin Dana Grigorcea

Das Blaue Sofa: No 2022 an 2023 gëtt dat legendäert Miwwelstéck elo scho fir d'drëtte Kéier zu Lëtzebuerg opgestallt. Zënter dem Joer 2000 hu méi wéi 3.000 Schrëftsteller(innen) aus aller Häre Länner um Blauen Sofa hir Bicher presentéiert. Dës Kéier ass et un der Dana Grigorcea, déi sech mam Lëtzebuerger Schrëftsteller a Literaturkritiker Samuel Hamen iwwer hiren neie Roman ënnerhält. Mat hirem politesche Vampir-Roman "Die nicht sterben" gouf si 2021 fir den däitsche Buchpräis nominéiert. An hirem neie Buch "Das Gewicht eines Vogels beim Fliegen" analyséiert si wéi Konscht a Liewen zesummenhänken a sech géigesäiteg beaflossen.

RTL

D'Handlung spillt op zwee Zäitniveauen. Am Joer 1926 kënnt de Sculpteur Constantin Avis zu New York un (Dës Romanfigur ass baséiert um Liewe vum rumänesche Sculpteur Constantin Brancusi). De Constantin hofft dorop, mat Hëllef vun engem räiche Galerist eng Ausstellung kënnen op d'Been ze stellen. Mat am Gepäck ass seng Skulptur "Der Vogel", déi awer schonn direkt op der Douane eng Kontrovers ausléist: ass et wierklech Konscht (a kann domat ouni weider Käschten agefouert ginn) oder handelt et sech ëm e Gebrauchsgéigestand op deen Douane ze bezuelen ass?

D'Fro no der Konscht a wéi een Afloss se op eist Liewen an eisen Alldag huet, zitt sech wéi e roude Fuedem duerch d'Erzielung, bis se schlussendlech an engem Showdown viru Geriicht entscheet gëtt.

E Joerhonnert méi spéit reest d'Schrëftstellerin Dora Marcu a Begleedung vun hirem Jong a sengem Kannermeedchen an Italien, fir do a Rou ze schreiwen. Hiren Optrag: Si soll d'Liewen an d'Wierk vum Constantin Avis literaresch verschaffen. No an no fillt si sech an hire Personnage eran an erkennt, dass d'Grenz tëscht Liewen a Konscht amgaangen ass ze verschwammen.

"Das Gewicht eines Vogels beim Fliegen": Déi Liichtegkeet, déi am Titel schonn ugedeit gëtt, ass op all Säit vun der Dana Grigorcea hirem Wierk ze spieren.

Et soll ee sech de 14. Oktober 2024 also op alle Fall virmierken! Rendez-vous ass um 19.00 Auer an der Abtei Neimënster. Dësen aussergewéinleche Literaturowend gëtt vu Bertelsmann an Zesummenaarbecht mam Institut Pierre Werner (IPW) organiséiert. Dir kënnt Är Plazen elo scho reservéieren, all Detailer fannt Dir um Site vum Institut Pierre Werner.

RTL