De Michel Medinger, 1941 gebuer, ass dout. De Fotograf huet iwwert déi lescht Joerzéngte seng fotografesch Praxis progressiv weiderentwéckelt. 

Hien huet nach zu deene wéinege Fotografe gehéiert, déi stonnelaang an hirer Donkel-Kummer um richtegen Tirage geschafft hunn. Iwwert seng iwwer 40 Joer laang Karriär huet hien als Autodidakt mat ville verschidden Techniken experimentéiert, ënner anerem Schwaarz-Wäiss-Fotografie, Experimenter an der Donkelkummer a Polaroids. Hien huet esou seng ganz eegen Handschrëft an der Fotografie entwéckelt.

Lëtzebuerger Fotograf Michel Medinger am Alter vun 83 Joer gestuerwen
De Michel Medinger, 1941 gebuer, ass dout. De Fotograf huet iwwert déi lescht Joerzéngte seng fotografesch Praxis progressiv weiderentwéckelt. 

Dobäi kënnt, datt de Michel Medinger e grousse Sammler vun Objeten war, déi hien dann a senge Fotoen an Zeen gesat huet. Hie war ëmmer inspiréiert vun alldeeglechen Objete, mat deenen hie Kompositioune konstruéiert huet, wéi an engem "Cabinet de curiosité". Dobäi huet de Michel Medinger näischt dem Zoufall iwwerlooss. De Fotograf  war virun allem bekannt fir seng skurril an ironesch Nature-morten, wou hien dacks dat Makabert mat enger Grëtz Poesie a vill Humor vermëscht huet.

De Michel Medinger ass vill mat senge Fotoe gereest an huet ënner anerem zu Peking, a Frankräich, an Amerika, an Dänemark, a Russland, a Polen an a Japan ausgestallt. De Fotograf hat awer och eng grouss Leidenschaft fir de Sport, eppes wat sech och a senge Wierker erëmfonnt huet.

De Michel Medinger selwer huet 1964 als Liichtathlet bei den Olympesche Spiller zu Tokyo deelgeholl. Scho säi Papp, deen och Michel Medinger geheescht huet, war 1936 als Leefer bei den Olympesche Summerspiller derbäi.
2024 hat de Michel Medinger eng grouss Presenz um bekannte Fotofestival "Les rencontres d’Arles". Ëm déi 50 Fotografie sinn hei an der Chapelle de la Charité gewise ginn an domat huet sech d’Kapell an e grousse Kuriositéitekabinett verwandelt.

De Michel Medinger war e "Lord of Things" an en extravaganten Alchimist, dee seng Referenzen aus dem gëllenen Zäitalter vun der hollännescher Molerei gezunn huet. Duerno ass d’Rees an de Surrealismus an Dadaismus gaangen. De Michel Medinger war e Meeschter vun der Inzenéierung.

De Michel Medinger am Joer 2018 an der Summer-Artbox:

E Bäitrag iwwer seng Expo am Joer 2018: