Den Doud vun der Rosenstolz-Sängerin AnNa R. koum ganz iwwerraschend. Ermëttlunge sollte klären, wéi et dozou komme konnt, e Friemverschëlde konnt scho mol ausgeschloss ginn.

An domat halen d'Ermëttlungen och schonn op. D'Police an de Parquet ginn deemno net dovun aus, dass ee Verbrieche virläit, et kéint een awer och näischt zu de geneeën Doudesëmstänn soen. De Parquet berifft sech do op Perséinlechkeetsrechtschutzgrënn. Et hätt een donieft och op eng Obduktioun verzicht, well et eendeiteg war, sou wéi een d'Situatioun virfonnt hätt, dass keen aneren um Doud vun der Sängerin Schold hätt.

D'AnNa R. ass am Alter vu 55 Joer gestuerwen. Si war e Sonndeg den Owend zu Berlin-Friedrichshain dout fonnt ginn. D'Police hat deen Ament en Ermëttlungsverfare lancéiert, fir d'Ëmstänn ze klären. Den Dossier gouf wéi gesot elo zougemaach vum Parquet.

Wien der Sängerin déi lescht Éier wëll erweisen, am Theater des Westens gouf eng Plaz ageriicht, wou d'Leit hir kënne gedenken.