Fir beschten internationale FilmLëtzebuerg geet mat "Child" vum Cyrus Neshvad an d'Course fir d'Oscaren 2027

RTL Lëtzebuerg
Et ass dem Realisateur Cyrus Neshvad säin éischte Longmetrage, dee vun der Filmakademie als Lëtzebuerger Representant fir d'Oscaren an de spuenesche Goya erausgesicht gouf.
Oscar-Präis (Symbolbild)
© AFP

De Film "Child" wäert Lëtzebuerg bei den Oscaren 2027 an der Kategorie "Best International Feature" an och beim spuenesche Filmpräis Goya an der Kategorie "Best European Feature" vertrieden. Dat huet e Selektiounscomité vun der Lëtzebuerger Filmakademie decidéiert. Dobäi handelt et sech ëm deen éischte Longmetrage, deen de Lëtzebuerger Cyrus Neshvad realiséiert huet.

Ee vun den Haaptcritèrë fir dëse Choix war fir d'Filmakadamie d'Zesummenaarbecht vu kreativen an technesche lëtzebuergeschen Talenter, sou wéi d'Expertis an de Savoir-faire, déi déi ganz Filmbranche vum Land prägen. Donieft géif et eng Villfalt vun Erzielungen, Welten an Usätz ginn, déi déi lokal Produktioun representéieren.

De Cyrus Neshvad huet an der Vergaangenheet schonn eng Rei Kuerzfilmer realiséiert, wou hien och schonn 2023 beispillsweis mat "La Valise rouge" bei den Oscaren 2023 fir d'Kategorie "Beschte Courtmetrage" nominéiert gi war. Elo steet mat "Child", deen 78 Minutte geet, säin éischt Longmetrage op der Lëscht. De Film hat beim Raindance Film Festival 2026 seng Weltpremière gefeiert an nach an dësem September soll en dann och an de lëtzebuergesche Kinoe lafen.

Déi 99. Editioun vun den Oscaren ass fir de 14. Mäerz zu Los Angeles ugesat. Den Datum fir de spuenesche Filmpräis Goya ass aktuell nach net bekannt.

Back to Top
CIM LOGO