Lëtzebuerger Jazz zu Paräis
Den Jazzmuseker a Pianist Arthur Possing huet mat sengem Quartett säin neien Album op engem Concert zu Paräis virgestallt. Mir hunn hien dobäi begleet.
Den Arthur Possing ass professionelle Pianist a lieft zu Iechternach, wou hien och dräi Deeg d’Woch Pianosstonne gëtt. Gläichzäiteg leet hien den Jazzgrupp, deen hien och selwer gegrënnt huet: den Arthur Possing Quartet. Hie spillt ee modernen, melodeschen, zougänglechen an introspektiven Jazz, deen Aflëss souwuel aus dem traditionellen, wéi och dem zäitgenësseschen europäeschen Jazz huet. Hie verbënnt Jazz mat Pop-, Elektro-, an Hip-Hop-Elementer.
Den Arthur Possing selwer huet am Alter vun 10 Joer Piano spille geléiert, hien ass zu Lëtzebuerg opgewuess mat vill Kontakt zu Musek, déi seng Eltere gespillt a gelauschtert hunn: "Mäi Papp war professionelle Museker wärend zéng Joer, dat heescht, hie war Batteur an Danzorchesteren an de 50er Joren zu Lëtzebuerg. A meng Mamm huet ëmmer scho ganz vill Musek gemaach. Dat heescht, et ass ëmmer ganz vill verschidde Musek doheem gelaf an iergendwann hunn ech effektiv ugefaangen, op Bongoen oder Perkussiounsinstrumenter, déi doheem stoungen, ze spillen."
Nom Lycée huet den Arthur Possing Jazzpiano um Royal Conservatoire zu Bréissel studéiert.
Den neien Album vum Grupp ass Ufank Mee op allen digitale Plattformen an och op CD a Vinyl an Europa an a Japan erauskomm. Et ass den drëtten Album vum Arthur Possing Quartet. 10 Stécker mat modernem Jazz an engem Hauch vu Weltmusek huelen ee mat op eng musikalesch Rees . Den Album heescht "Homes" an invitéiert zum nodenken. Een Doheem ass net onbedéngt déi Plaz wou ee lieft, wéi den Arthur Possing erkläert: "An "Homes" geet et dorëms, dass ee mierkt, dass een op verschiddene Plazen doheem ka sinn. Dat kann an engem anere Land sinn, och musikalesch, wou ee sech an engem Style vläicht net auskennt, awer dat ganz interessant fënnt oder natierlech mat Leit, dass een einfach säin Doheem op ganz ville Plaze fënnt, wou een net onbedéngt wunnt."
D’Release vum Album war Ufank Juli an engem Paräisser Jazzclub. Si spillen dacks am Ausland an eemol am Joer kënnt den Arthur Possing och op Paräis spillen. Et ass eng Stad, déi hien inspiréiert: "Ech mengen, dass Paräis, egal wéi, eng ganz wichteg Kulturstad ass an Europa, ob et elo Musek ass, Molerei, Literatur souwisou, a fir mech ass dat eng grouss Inspiratioun, well einfach immens vill gebuede gëtt."
Hie gëtt vun dräi vu senge Museker begleet: dem Pierre Cocq-Amann, engem franséische Saxophonist a Flüttist, dem Joël Rabesolo, engem madagassesche Gittarist, an dem Niels Engel, engem Lëtzebuerger Batteur. Dem Arthur Possing säin internationaalt Quartett ass am Joer 2013 gegrënnt ginn. Do war hie grad mol 17 Joer al.
Geschwë wäerten den Arthur Possing a seng Museker a Mexiko spillen.