E Mëttwoch war e grousst Feier op der Mainstage vum Festival an der Belsch ausgebrach.

E Freideg soll de Museksfestival Tomorrowland zu Boom an der Belsch starten. E Mëttwoch ass et zu engem gréisseren Tëschefall komm. Et war e Feier um Site vum Festival ausgebrach. Wéi d'Organisateuren e Mëttwoch den Owend confirméiert hunn, stoung d'Haaptbün vum Festival a Flamen an ass staark beschiedegt ginn. Et gouf beim Brand keng Blesséierter. De Festival soll de Weekend awer stattfannen, dat hunn d'Organisateuren op enger Pressekonferenz matgedeelt.

Wéi et vun den Organisateuren e Mëttwoch den Owend weider heescht, geet d'DreamVille (Camping) wéi geplangt en Donneschdeg um 17 Auer op a wier och prett fir all d'Visiteuren. Wéi de Festival-Weekend genee soll oflafen, ass iwwerdeems nach net gewosst. Hei géing een den Ament nach no Léisunge sichen.

Déi belsch Pompjeeë ware mat engem groussen Dispositiv op der Plaz am Asaz. D'Police huet och Dronen agesat, fir d'Feier vun uewen ze iwwerwaachen. Vun de lokalen Autoritéite war et den Appell un d'Populatioun fir Fënsteren an Dieren zouzehalen.

RTL

© TOM GOYVAERTS / BELGA / AFP

De Parquet vun Anvers huet eng Enquête an d'Weeër geleet, fir déi genee Ursaach vum Feier ze klären.

Méiglecherweis huet Pyro-Technik d'Feier ausgeléist. Fonke kéinte bei engem Test op déi grouss Bün iwwergaange sinn. Awunner hu lokale Medie géintiwwer vun Explosiounsgeräicher geschwat. Bis ewell ass dat awer net vun offizieller Säit confirméiert ginn.

Vun e Freideg bis e Sonndeg gi sech dausende Museksfans aus der ganzer Welt um Festival erwaart. Den zweete Weekend vum Festival ass vum 25. Juli bis de 27. Juli. D'lescht Joer waren am Ganze 400.000 Visiteure beim Elektro- an Techno-Festival.

Mam Nosi a mam Ogazon sinn dëst Joer och zwee Lëtzebuerger DJen dobäi. 2025 sinn och nach Acts wéi Armin van Buuren, Eric Pryds, Charlotte De Witte, Afrojack, Boris Brejcha, David Guetta, Robin Schulz oder Deadmau5 annoncéiert. Si sollten op der Main Stage optrieden. Wou si hiren Optrëtt elo wäerten hunn, ass um Mëttwoch den Owend nach net gewosst.