Op wat dierfe sech d'Fans vun de Lëtzebuerger Krimiserië freeën?

Datt Lëtzebuerger Krimiserië Succès hunn, ass mat Capitani a Marginal bewisen. Fans vun de Produktiounen dierfe sech elo op nei Staffele freeën.
Laang war et net confirméiert, ma spéitstens mat der annoncéierter Ënnerstëtzung vum Filmfong ass gewosst: Et gëtt eng drëtt Staffel vu Capitani an eng zweet vu Marginal. Mir hu beim Thierry Faber a beim Loïc Tanson nogefrot, ëm wat et an de Fortsetzunge wäert goen.
Capitani
Am September 2019 gouf déi éischt Episod vun der Krimiserie "Capitani" op RTL Télé Lëtzebuerg gewisen. D'Land huet deemools Bekanntschaft gemaach mam Inspekter Luc Capitani an der jonker Polizistin Elsa Ley, gespillt vum Luc Schiltz an dem Sophie Mousel.
Si zwee sinn da wéi gewinnt och bei der drëtter Staffel vun der Erfollegsserie nees dobäi. Vill kann een nach net iwwer d'Fortsetzung soen, mä et geet op alle Fall zréck an d'Duerf "Mënscht" aus der éischter Staffel. Wéi den Thierry Faber, Showrunner vun der Serie, eis verréit, wier "villes anescht, awer och villes d'selwecht": De Capitani ass nees Polizist an enquêtéiert zesumme mam Elsa Ley iwwer eng Rei Iwwerfäll am Norde vum Land. D'Personnage wieren awer och méi al ginn - grad ewéi hir Interpreten - an dat gëtt bei Capitani 3 och erzielt. Deementspriechend hätt och d'Relatioun tëscht dem Capitani an dem Elsa geännert.
Dem Thierry Faber ass et wichteg, ze preziséieren, datt mam Finanzement vum Filmfong elo mol déi éischt Etapp - "d'Schreiwen" vun der Fortsetzung - accordéiert wier. Deemno géing elo un den Dréibicher geschriwwe ginn. Duerno geet et un d'Etapp "Entwécklung", wärend där de Casting organiséiert gëtt an dann un d'Produktioun, also den Tournage an d'Post-Produktioun.
Wärend der Etapp vum "Schreiwen" gëtt en Dossier opgestallt, deen ebe beim Filmfong eragereecht gëtt, fir d'Demande vum Finanzement. Am Dossier ginn d'Geschicht an d'Personnagë virgestallt, grad ewéi en Outline vun der éischter Episod. Hei geet et, wéi den Thierry Faber erkläert, awer net drëm e ganzt Dréibuch ze schreiwen. Et soll erkläert ginn, wat ee "verziele wëll, a wéi engem Genre a wat dat mat de Protagoniste mécht". Fir d'Demande op e Finanzement vum Filmfong muss am Dossier natierlech och e Budget presentéiert ginn.
Marginal
Och déi méi nei Lëtzebuerger "True Crime"-Serie Marginal huet zanter Februar dëst Joer scho vill Spectateuren ugezunn. D'Serie baséiert op reale Virfäll an erzielt d'Geschichte vu lëtzebuergesche Kriminalfäll, déi an d'Geschicht vun der Justiz agoe wäerten.
Déi éischt Staffel vu Marginal begleet de Procureur Albert Henrotin a säi jonke Brigadier Léon Clemens, wärend si sech an déi spannend Enquêtë stierzen. An all Episod daucht de Public an e mysteriéist Verbriechen an - vum "Tatort" bis zum Prozess - mat moraleschen Dilemmaen, déi d'Justiz erausfueren.
Fir déi zweet Staffel huet de Frédéric Zeimet 9 Méint um Dréibuch geschriwwen. Hien huet all d’Recherchë fir d'Serie gemaach an zesumme mam Jonathan Becker, Nina Bodry a Joshua Thil geschriwwen. An der Fortsetzung sinn den Albert an de Léon dës Kéier allen zwee Untersuchungsriichter a probéieren, d'Feeler vun der Kriminal-Brigad ze redresséieren, andeems si komplex Kriminalfäll ënnersichen, wärend de Weltkrich, dee grad eskaléiert, si zwéngt, am Interêt vum Allgemengwuel mat hire schlëmmste Feinden zesummenzeschaffen.
D'Fortsetzung, déi och dës Kéier véier Episode wäert hunn, spillt deemno tëscht 1909 an 1917 - also kuerz virum a matten am éischte Weltkrich. D'Handlunge spillen ënnert anerem an der Stad, zu Munneref, Klengbetten, Mecher, an der Fiels, zu Peppeng an an de Kasematten. Nieft den Haaptrollen, déi vum Jules Werner an dem Timo Wagner gespillt ginn, si grad ewéi an der Staffel 1 nees d'Marie Jung, de Philippe Thelen, d'Margarida Domingos, d'Jeanne Werner, de Marc Baum an de Guy Helminger mat dobäi.
D'Dréiaarbechte wäerten Ufank 2026 lassgoen, woumat déi zweet Staffel fir Enn d'nächst Joer soll bereet fir d'Diffusioun sinn.
All d'Episode fannt Dir dëse Weekend op RTL Play op Lëtzebuergesch a jeeweils mat franséischen an engleschen Ënnertitel