11 Skulpturen a 9 KapselenUm Art Walk kann ee Konscht ënnert fräiem Himmel erliewen

Isabelle Gillen
Den Art Walk ass dëst Joer esou grouss wéi nach ni.
Um Art Walk kann ee Konscht ënnert fräiem Himmel erliewen
11 Skulpturen a 9 Kapselen: Den Art Walk ass dëst Joer esou grouss wéi nach ni.

Mat 11 Skulpturen a 9 Kapselen streckt sech de Parcours vum Art Walk iwwert knapp 3 km. Vum Kierchbierg duerch den Zentrum vun der Stad bis op d’Gare. Dat ganzt ass gratis, ëffentlech zougänglech an all Dag an zu all Auerzäit accessibel. D'Direktesch vun der Luxembourg Art Week, Mélanie de Jamblinne, erzielt, wat de But vum Parcours ass:

"Den Art Walk ass wierklech eng Method, fir am Alldag un d'Leit ze kommen. Dat heescht, du bass amgaang anzekafen, oder du trëppels duerch d'Stad a bemol hues du däi Coiffer an dann däi Café an dann eng Installatioun, déi wierklech just do ass fir dech. Fir eis ass et e Wee, deene Leit, déi Konscht net esou gewinnt sinn, am Alldag Konscht ze weisen."

Nieft de Skulpturen kann een um Art Walk och sougenannte Kapsele gesinn. Dëst sinn eidel Geschäftsvitrinnen, déi vu Kënschtler nei dekoréiert goufen an esou zu enger klenger Galerie ginn.

National wéi och International Kënschtler. déi aus méi wéi 600 Dossieren ausgewielt goufen, dierfen hir Wierker um Art Walk presentéieren. Bei deenen eenzelen Konschtwierker féiert jeeweils e QR-Code op eng Internetsäit mat zousätzlechen Informatiounen an online oder a verschiddene Konschtinstitutiounen a Caféen kann ee sech och eng Kart mam komplette Parcours zouleeën.

Ausserdeem ginn nach bis de 7. November all Samschden gratis Visitte vum Art Walk ugebueden.

Wien also Loscht huet, kann den Art Walk nach bis den 22. November zu Fouss oder mam Tram maachen a sech déi 20 Konschtwierker uechter d’Stad ënnert fräiem Himmel ukucken.

Back to Top
CIM LOGO