9. Editioun vum Jazz-Festival "RESET"Aacht Museker aus ganz Europa weisen hiert Talent

Sandy Elsen
Op der 9. Editioun vum "RESET"-Jazz-Festival wäert déi eng oder aner spannend musikalesch Entdeckung waarden.
9. Editioun vum Jazz-Festival "RESET"
Aacht Museker a Musekerinnen aus ganz Europa weisen hir Talenter a suerge fir spannend musikalesch Entdeckungen.

Am Gronn dréint sech dës Woch nees alles ëm den Jazz. Am Kader vun der mëttlerweil scho 9. Editioun vum RESET-Festival, deele sech nees aacht Jazz-Talenter aus aacht europäesche Länner eng Kënschtler-Residenz am Neimënster, fir zesummen eng Serie vun originelle Concerte virzebereeden.

D’Konzept ass en Experiment: véier Männer a véier Fraen, déi nach ni matenee geschafft hunn, komme beieneen, fir a kierzter Zäit eppes ganz Neies ze kreéieren. Fir d’Éischt léiere si sech an hir Instrumenter kennen, da gëtt mat verschiddene Stécker experimentéiert an u gemeinsame Performance geschafft.

All Joer gëtt déi instrumental Besetzung nei gemëscht an zwar vum Lëtzebuerger Museker a Komponist Pascal Schumacher. Hien huet déi kënschtleresch Leedung vum Festival, léisst den Artisten awer all Fräiraum, dee si brauche, fir sech kënne musikalesch auszetoben. Si – dat sinn de Lëtzebuerger Jérôme Klein (Batterie), d’Aurélie Charneux (Klarinett), d’Maëlle Desbrosses (Gei), den André Fernandes (Gittar), de Franz Von Chossy (Piano), d’Marta Wajdzik (Saxofon), d’Selma Savolainen (Stëmm) an de Grigoris Theodoridis (Kontrabass).

D’Resultat vun deem kreativen Austausch kann de Public wärend dräi spezielle Soiréeën erliewen. En Donneschdeg den Owend maachen d’Museker een Jazz-Crawl. Am Duo oder am Trio triede si dann am Neimënster, am Cercle Cité an am Bazaar op. E Freideg, den 30. Januar, presentéiere si am Neimënster noeneen hire ganz perséinlechen Univers am Solo. E Samschdeg, den 31. Januar, feiert de Festival dann den Highlight vu senger 9. Editioun: den Ofschlossconcert am Neimënster, fir deen déi aacht “Resetter” zesummen op der Bün stoe wäerten.

Weider Detailer an Tickete fannt Dir hei.

Back to Top
CIM LOGO