Kultur–Projet "Le Mur"All zweete Mount kritt d’Rue Bender een neit Konschtwierk

Rosa Clemente
Op enger Fassade an der Stad kënne sech Kënschtler aus der Graffiti- a Street-Art-Zeenen deemnächst reegelméisseg kreativ austoben.
"Le-Mur": E Graffiti-Kultur-Projet an der Stad
D’Iddi kënnt vu Paräis, wou d’Initiativ scho virun 20 Joer geholl gouf. Et gi Maueren definéiert, déi reegelméisseg vun Artisten nei dekoréiert kënne ginn.

Ugefaangen huet d’Initiativ “Le Mur” viru bal 20 Joer zu Paräis. Mëttlerweil hu sech eng Rei aner Stied a Frankräich esou wéi an der Belsch dem Projet ugeschloss, a “Maueren” definéiert, déi vun Artiste reegelméisseg nei dekoréiert ginn.

Hei zu Lëtzebuerg huet de Kënschtler a Grënner vun der ASBL “I Love Grafitti” Olivier Potozec, och bekannt als Sader, dëse Projet an d’Liewe geruff, mat der Ënnerstëtzung vun der Stad Lëtzebuerg.

Hei am Land wäert de “Mur” an Zukunft um Eck vun der Rue du Fort Neipperg an der Rue Bender an der Stad ze fanne sinn. Do kënne sech d’Kënschtler aus der Street-Art- a Graffiti-Zeenen op enger Uewerfläch vu ronn 30 Quadratmeter kreativ ausbreeden.

Am Ganze wäerten 19 Artisten un dësem Projet deelhuelen, dee viraussiichtlech mol bis Mäerz 2025 undauere soll. D’Kënschtler hu maximum zwee Deeg Zäit, fir hir Konschtwierker fäerdegzestellen, duerno ginn dëst offiziell ageweit a bleiwen zwee Méint op der Mauer stoen, bis dann dee nächsten Artist drun ass.

De bekannte Lëtzebuerger Street-Art-Kënschtler Sumo weit dëse Projet an. Wien déi weider 18 Artiste sinn, dat hunn d’Organisateuren net wollte verroden. Versprach gëtt awer, datt souwuel national wéi international Kënschtler dobäi sinn, mat verschiddensten Techniken a Stiler.

De Vernissage ass e Freideg de Mëtteg um 16.30 Auer an der Rue Bender an der Stad.

Back to Top
CIM LOGO