Portrait vum Claire-Lise BackesAm fréieren Job gemobbt, elo eng erfollegräich Kënschtlerin

RTL Lëtzebuerg
D'Claire-Lise Backes ass haut eng erfollegräich Kënschtlerin, déi sech en Numm gemaach huet mat hiren handgemoolte Poschen.
Claire-Lise Backes
D’Claire-Lise Backes ass haut eng erfollegräich Kënschtlerin, déi sech en Numm gemaach huet mat hiren handgemoolte Poschen.

An dobäi muss ee wëssen, dass si eréischt virun 8 Joer déi éischte Kéier e Pinsel an de Grapp geholl huet. D’Claire-Lise war zu deem Zäitpunkt op engem Déifpunkt an hirem Liewen ukomm an d’Molerei vun hiren Nanas, wéi och d’Léift vun hirem Mann an hire Kanner hu si nees zréck an d’Liewe bruecht.

D’Claire-Lise ass nämlech an hirem fréieren Job emotional gemobbt ginn. Zwee an en halleft Joer huet et gedauert, bis si et gepackt huet, fir sech vun hirem ale Patron ze trennen. Ganz dacks wier een esou déif dran, dass engem selwer net méi bewosst wier, wat engem geschitt. Sou koum et, dass d’Claire-Lise an eng déif Depressioun gefall ass. Ma mat professioneller Hëllef an hirer Famill huet si sech an d’Liewen zeréckgekämpft. Vill dozou bäigedroen huet och d’Konscht an esou huet si haut hir, wéi si seet, Therapie zum Beruff gemaach. Et vergeet keen Dag, wou d’Claire-Lise net moolt. A meeschtens moolt si hir Poschen, déi se och elo zanter kuerzem an hirem éischten eegene Buttek zu Dikrech verkeeft. En Dram ass fir si an Erfëllung gaangen.

Back to Top
CIM LOGO