
Um Enn vum 18. Joerhonnert sinn déi éischt ënnerierdesch Grouwen zu Uewermaartel entstanen. Doraus hu sech dunn direkt e puer Betriber entwéckelt, déi um Enn vum 19. Joerhonnert all Joer scho méi wéi 6 Milliounen Daachschiferplacke hiergestallt hunn. 1986 war et dunn awer eriwwer mat der Produktioun, well du gouf déi lescht Lëtzebuerger Schifergrouf zougemaach.
Haut kann een awer nach dohinner kucke goen, wéi deemools do geschafft gouf. Dat zum Beispill wärend enger flotter Owesvisitt déi vum regionalen Tourismusverband, zesumme mam Schifermusée, organiséiert gëtt. D’Katrin Maus:
“Do gëtt ee méi gewuer iwwert d’Aarbecht vu fréier vun de Leekëpperten, déi deemools do geschafft hunn a mir besichtege wärend der Visitt déi 42 Meter déif, ënnerierdesch Grouf “Johanna”. Wärend der Visitt kann ee sech zréck an d’Vergaangenheet versetzen an et gesäit een op deem Site wéi een effektiv fréier hei hir gaangen ass bei der Aarbecht am Schifer.”
Zum Schluss vun der Visitt kann een dann och nach mat engem klenge Pättchen am bekannte Bopebistro vum Schifermusée den Owend ausklénge loossen.
“An och do erwaarden Iech d’Guiden déi Iech mat spannenden Anekdoten a Geschichte vu fréier ënnerhale kënnen.”
D’Visitt fënnt op Lëtzebuergesch statt, dat den 28. Juli wéi och de 4. August ëmmer Owes um hallwer 9. Et ass eng Aktivitéit fir déi ganz Famill. Allerdéngs sollt ee gutt ze Fouss si well et geet wéi gesot déif erof an d’Grouf. Fest Schong an eng waarm Jackett sinn hei dann och recommandéiert well donidden ass et eng Nummer méi frësch.
Umelle kënnt Dir Iech fir dës Visitt beim regionalen Tourismusverband Guttland.
Den Tipp vun e Méindeg: Déi 5. Editioun vum Echterlive Festival am Trifolion
Den Tipp vun en Dënschdeg: De White Dinner um PërmesknuppD’Stengeforter Steekaulen an hir Mouken
Den Tipp vun en Donneschdeg: DOTS-Atelier ronderëm de Schifer zu UewermaartelDen Tipp vun e Freideg:Night Light Experience am Parc Housen
Den Tipp vun e Samschdeg:Slow Trip duerch dat klengst Duerf am Land