Natural FlowArthur Possing presentéiert 2. Album

RTL Lëtzebuerg
Zesumme mat sengem Quartett an engem spezielle Gaascht, huet de Lëtzebuerger Jazzmuseker säin Album zu Diddeleng am Kulturhaus "opderschmelz" presentéiert.
Arthur Possing presentéiert 2. Album
Zesumme mat sengem Quartett an engem spezielle Gaascht, huet de Lëtzebuerger Jazzmuseker säin Album zu Diddeleng am Kulturhaus “opderschmelz” presentéiert.

De Régis Thill war fir RTL op Diddeleng an huet mam Arthur Possing geschwat.

Den Arthur Possing Quartet, dat ass natierlech den Arthur Possing um Piano, den Drummer Niels Engel, de Sebastian “Schlapbe” Flach op der Kontrabass an de Pierre Cocq-Amann spillt Saxophon. A fir dësen Album war och den Trompettist Thomas Mayade derbäi.

Natural Flow heescht den Album an dat kléngt op den éischte Bléck mol net revolutionär. Et fléisst alles roueg a sou roueg dann och rëm net. Schéi beim Possing Quartet senge Stécker ass, dass een net verzweiwelt no enger Melodie muss sichen. Si ass vun Ufank un do, verschwënnt kuerz fir a klenge Maufelstécker opzetauchen a sech mat deem Ganzen nees ze verbannen.

Back to Top
CIM LOGO