#Metoo-DebatAusschloss vum Polanski aus Oscar-Akademie vum Geriicht confirméiert

RTL Lëtzebuerg
Dem franséisch-polnesche Filmregisseur Roman Polanksi ass et net gelongen, säin Ausschloss aus der Oscar-Akademie réckgängeg ze maachen.
© afp

Eng Riichterin zu Los Angeles huet den Ausschloss als rechtméisseg erkläert. D’Akademie hätt dem Regisseur eng fair Auditioun ugebueden an de Faite, datt hien am Mee 2018 aus der Akademie erausgeheit gouf, wier duerch d’Situatioun ubruecht gewiescht, heescht et an der Begrënnung.

Den Affekot vum 87 Joer ale Polanski huet matgedeelt, datt säi Mandant d’Urteel net kontestéiere wäert.

De Roman Polanski hatt d’Oscar-Akademie am Kader vum #Metoo-Debat verlooss. Dat nodeems hie 50 Joer laang Member war, allerdéngs géint d’Ethik-Standarde vun der Filmakademie verstouss hat.

De Regisseur hat sech 1977 schëlleg bekannt, Geschlechtsverkéier mat engem Mannerjärege gehat ze hunn. E Joer ier d’Urteel gesprach gouf, ass de Polanski aus den USA geflücht a lieft zanterhier a Frankräich.

Back to Top
CIM LOGO