Vum Fëschmaart an d'Provënz HenanBal 400 Geschichts- a Konschtgéigestänn aus dem MNHA geschwënn a China am Musée

Christophe Hochard
De Lëtzebuerger Geschichts- a Konschtmusée MNHA um Fëschmaart liwwert dëse Freideg eng ronn 400 Objeten an e Musée an der chineesescher Stad Zhengzhou.
Vum Fëschmaart an d'Provënz Henan
Bal 400 Geschichts- a Konschtgéigestänn aus dem MNHA si geschwënn an engem Musée a China.

Et si Géigestänn aus der Virgeschicht bis zum aktuelle Joerhonnert. Dës wäertvoll Objete musse fir d’éischt sécher agepaakt ginn. Et gëtt en Inventaire vun all eenzele Géigestand gemaach, ier e verpaakt gëtt.

E Freideg fléie fënnef Leit aus dem Lëtzebuerger Musée an déi chineesesch Provënz Henan, fir sech em d’Opriichte vun der Ausstellung ze këmmeren. Zwou Woche bléiwen si dofir op der Plaz. D’Expositioun vun dëse Geschichts- a Konschtgéigestänn ass vum 27. Mäerz bis den 3. August 2024 am Musée zu Henan.

Back to Top
CIM LOGO