
D'Wierker vum Guy Helminger géifen eng divers alldeeglech Realitéit erëmspigelen, déi politesch a sozial Dysfonctionnementer géifen erëmspigelen. D'Jury sträicht och besonnesch seng poeetesch Wierker ervir a säi generellen Engagement fir d'Pomotioun vun der Literatur. Et wier e polyvalente Kënschtler, deen ni de Pleséier vum Lieser géif vergiessen. Den 30. September wäert de Guy Helminger dann de Batty-Weber-Präis an enger offizieller Zeremonie am Literatur-Zenter zu Miersch iwwerreecht kréien.