Oscars 2022Beyoncé a Billie Eilish als Musek-Akt confirméiert

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg wäerte béid Sängerinnen hir Lidder, déi och fir den Oscar nominéiert sinn, live virdroen. Dat huet d'"Academy" via sozial Medien confirméiert.
© AFP

D’Beyoncé ass jo fir d’Lidd “Be Alive” aus dem Film “King Richard” nominéiert an d’Billie Eilish fir “No Time To Die” aus dem James-Bond-Film mam selwechten Titel.

Donieft wäerten awer och déi zwee aner Museker, déi an der Kategorie hir Wierker live bei der Zeremonie performen. De kolumbianesche Singer-Songwriter Sebastian Yatra spillt “Dos Oruguitas” aus dem Zeechentrickfilm “Encanto” an d’Country-Star Reba McEntire wäert mat “Somehow You Find” aus dem Film “Four Good Days” optrieden.

Back to Top
CIM LOGO