
D'Diddelenger Summer-Kiermes ass dëst Joer vum 26. Juni bis den 12. Juli, dat op der Place Fohrmann. D'Iess-Bude si vun 12 Auer Mëttes op, d'Spiller lafe vu 15 Auer un. En Donneschdeg, den 9. Juli, ass dann och Familljendag, wou d'Spiller da méi bëlleg wäerte sinn.
Weider Detailer iwwert den Transport an aner Informatioune ginn et um offizielle Site vun der Diddelenger Gemeng.