Am Alter vun 43 Joer"Black Panther"-Star Chadwick Boseman ass dout

RTL Lëtzebuerg
Den US-amerikaneschen Schauspiller Chadwick Boseman ass am Alter vun nëmmen 43 Joer u Kriibs gestuerwen.
© AFP

Hien war virop duerch seng Roll aus dem Superhelden-Film ''Black Panther’’ bekannt ginn.

Dem Boseman seng Famill hat d’Nouvelle vun der Noriichtenagence ''Associated Press’’ iwwer den Doud vum Acteur confirméiert. Seng Fra a seng Famill wiere bei him gewiescht wéi hie bei sech doheem gestuerwen ass.

2016 gouf beim Acteur Daarmkriibs diagnostizéiert. Déi lescht 4 Joer hätt hie géint d’Krankheet gekämpft. Vill Filmer hätt hie gedréint an der Zäit wéi hie sëllegen Operatiounen a Chemotherapien iwwert sech ergoen huet misse loossen.

Back to Top
CIM LOGO