
A “Boy Underground” (2023) hunn den Hugo, den Alex an d’Julie an de Katakombe vu Paräis eng ënnerierdesch Welt entdeckt. Wat si do zesummen erlieft hunn, huet déi dräi Frënn zesummegeschweesst. Wéi elo an deem neie Roman “Boy Overboard” d’Iddi opkënnt, fir an engem Tauch-Camp un der Küst vu Kroatien d’Vakanz ze verbréngen, sinn si direkt Feier a Flam! An natierlech dreeme si dovun, d’Schëffswrack ze fannen, an deem der Legend no d’Kroun vum Keeser Diokletian verstoppt ass. Mä wat du geschitt, dat hate si sech net erwaart!
Am Interview erzielt d’Isabelle Marinov vun hirer Faszinatioun mat der Ënnerwaasserwelt, vu Muschelen, déi bis zu 30 Joer al kënne ginn, vun engem Palais, an deem ee spadséiere goe kann, vun engem Tëntefësch, deen ëmmer mat dobäi ass a vun zwee Filmer, déi an der Maach sinn.
Dräi Frënn op der Sich nom Schatz vum réimesche Keeser Diokletian
“Boy Overboard” vum Isabelle Marinov ass bei Sweet Cherry Publishing erauskomm