
De brittesche Schauspiller war ënnert anerem duerch seng Roll als Dr. Frank-N-Furter an der "Rocky Horror Picture Show" bekannt.
Iwwer d'Doudesursaach ass bis ewell offiziell näischt bekannt, a wéi et heescht géif d'Police net dovunner ausgoen, datt eng Drëttpersoun domat eppes kéint ze dinn hunn. Zanterdeem den Tim Curry am Joer 2012 ee Schlag hat, war hie gesondheetlech ugeschloen. Hie war un de Rollstull gebonnen.
Am Joer 1968 hat hien eng vu sengen éischte Rollen am Musical Hair, ma eréischt d'"Rocky Horror Picture Show" aus dem Joer 1975 huet him den Duerchbroch bruecht. An der Verfilmung vum Stephen King sengem "Es" hat hien déi grujeleg Haaptroll als Clown Pennywise (1990).
Am Laf vu senger Karriär krut hien een Emmy Award, a war fir eng ganz Rei Präisser nominéiert - dorënner ee Grammy, zwee Olivier Awards an dräi Tony Awards.