Musek am Sirdall ass eng asbl, déi zënter 32 Joer kleng Concerten an de Gemenge vum Sirdall ubitt. Den Akzent läit op der Ënnerstëtzung vu jonke Lëtzebuerger Museker.
E Sonndeg war zu Nidderaanwen e Concert mam Trio Conova. An deem Trio spillt d'Nora Braun, déi grad zu London a Bachelor op enger bekannter Museksschoul mécht. Hiert Instrument ass de Violoncello an de Régis Thill war fir eis op Nidderaanwen an d'Kulturhaus.