Klengt Land mat grousse PersonnagenWéi eng Lëtzebuerger am Ausland besonnesch bekannt sinn

Rodrigo Costa Ribeiro
iwwersat vun RTL Lëtzebuerg
Am Ausland gëtt Lëtzebuerg dacks mat Liechtenstein verwiesselt oder op de Bankesecteur oder seng Gréisst reduzéiert. Ma et gi vill Lëtzebuerger, déi och am Ausland bekannt sinn. RTL Today huet eng Analys gemaach, fir erauszefannen, wéi eng Personnagen aus Lëtzebuerg besonnesch bekannt sinn.
D'Donnéeë vu Wikipedia sinn natierlech net deen eenzege Moossstaf fir Bekanntheet, ma si sinn eng Méiglechkeet, de Leit aus Lëtzebuerg Visibilitéit ze ginn.

Et gi vill Methoden, fir erauszefannen, wéi eng Lëtzebuerger am Ausland besonnesch bekannt sinn - all zéie se ënnerschiddlech Facteuren a Betruecht.

D'Online-Plattform Pantheon.World zum Beispill benotzt e sougenannten "Historical Popularity Index" (HPI). Dëse zitt Facteuren a Betruecht wéi, wéi laang et hier ass, datt eng Persoun gelieft huet, a wéi ville Sproochen hir Wikipedia-Säit verfügbar ass, wéi konzentréiert a stabill d'Opriff vun der Säit am Laf vun der Zäit sinn a wéi vill Opriff vun net-engleschsproochege Säite kommen.

Pantheon.World no gehéieren zu der weltwäiter Topp 5 vun de "memorabelste Perséinlechkeeten" de Mohammed, de Buddha, den Isaac Newton, den Donald Trump an den Dschingis Khan. Amfong beäntwert dësen Index awer éischt d'Fro, u wien ee sech erënnere wäert. Réng op der Basis vun den Donnéeë vu Pantheon.World sinn an der Topp 5 vu Lëtzebuerger de Physiker Gabriel Lippmann, de Politiker Robert Schuman, de Grand-Duc Jean, de Grof Johann von Böhmen an de Groussherzog Henri.

Eis Kolleege vun RTL Today wollte sech awer op déi Leit konzentréieren, déi haut bekannt sinn. Dofir hu si d'Zuele selwer ausgewäert. Mat der Hëllef vun der gratis ëffentlecher API vu Wikipedia hu si d'Opriff vu Säiten zu Personnagë gesammelt, déi zu Lëtzebuerg gebuer, hei opgewuess oder agebiergert goufen. Dat an all Sproch, an där hir Säit existéiert. Well d'Zuele vu Wikipedia just bis an de Juli 2015 zréckginn, ëmfaasst d'Analys den Zäitraum vu Juli 2015 bis Oktober 2026. Um Enn gouf den Total vun den Opriff fir all Persoun zesummegerechent, woubäi och Ännerunge bei Nimm an Titele berécksiichtegt goufen. Zum Beispill beim Prënz Guillaume, deen 2025 Groussherzog Guillaume gouf.

Schlussendlech goufen all d'Leit no der Gesamtzuel vun den Opriff opgezielt a markéiert, wéi eng vun hinnen nach liewen.

De Berechnunge vun RTL Today no sinn an de leschten zéng Joer e puer Lëtzebuerger méi bekannt ginn, wéi se virdru waren.

De meescht-gekuckte Lëtzebuerger vun 2015 bis 2026 ass deemno de Futtballer Miralem Pjanić mat 13,7 Milliounen Opriff an 53 Sproochen. No him kommen de Groussherzog Henri, de Jean-Claude Juncker, d'Vicky Krieps an de Grand-Duc Guillaume

Donieft huet RTL Today analyséiert, wéi sech d'Popularitéit am Laf vum leschte Joerzéngt verännert huet, an deem si nogekuckt hunn, wéi vill Opriff déi Topp-Perséinlechkeeten all Joer op hirem Wee an d'Topp 10 gesammelt hunn.

Nieft neie Gesiichter, déi am leschte Joerzéngt an de Vierdergrond getruede sinn, wéi zum Beispill d'Actrice Vicky Krieps, déi bei internationale Produktioune matgewierkt huet, sinn och Sportler wéi d'Schleck-Bridder dobäi.

D'Donnéeë vu Wikipedia sinn natierlech net deen eenzege Moossstaf fir Bekanntheet, ma si sinn eng Méiglechkeet, de Leit aus Lëtzebuerg Visibilitéit ze ginn.

Back to Top
CIM LOGO