
Déi 24. Editioun vum spuenesche Filmfestival zu Lëtzebuerg huet eigentlech schonn de 27. Februar ugefaangen, mat enger offizieller Presentatioun vum Programm an der Avant-Première vum Film “20000 especies de abejas”. (20000 Beien-Arten). Den Haaptprogramm vum Festival, dee vum spuenesche Kulturzenter Circulo Antonio Machado organiséiert gëtt, leeft allerdéngs eréischt den 12. Mäerz un.
10 Filmer aus ganz verschiddene Genrë ginn tëscht dem 12. an dem 22. Mäerz an der Cinemathèque an am Utopia gewisen. En interessanten Detail, deen d’Organisateure selwer eréischt duerno an Uecht geholl hunn: vun deenen 11 Filmer, déi si reng opgrond vun hirer cinematografescher Qualitéit erausgesicht haten, goufen der net manner wéi fënnef vu Frae realiséiert. Dorënner si bekannten Nimm wéi d’Icíar Bollaín oder d’Isabel Coixet, awer och Newcomerinne wéi d’Manuela Martelli, déi zwar als Actrice bekannt ass, mä fir “1976" eng éischte Kéier hannert der Kamera stoung.
Den Optakt mécht dobäi de wuel bekanntste spueneschsproochege Film vun dësem Joer. “La sociedad de la nieve” (The Society of the Snow) huet net nëmme bei de spuenesche Goya Awards vun dësem Joer an net manner wéi 12 Kategorien ofgeraumt, mä ass och zweemol fir en Oscar nominéiert. De Film baséiert op den Temoignagë vu 16 Membere vun enger uruguayescher Rugby-Ekipp, déi 1972 e Fligeraccident an den Anden iwwerlieft hunn.
Weider geet et den 13. Mäerz mat der Komedie “Historias para no contar” (Stories not to be told) vum Realisateur Cesc Gay.
“Las chicas estàn bien” (The girls are alright) ass e Summermärche ronderëm véier Schauspillerinnen an eng Schrëftstellerin, déi an enger ofgeleeëner Millen en Theaterstéck prouwen an déi sech iwwerdeems besser kenneléieren. Den Debutfilm vun der Realisatrice Itsaso Arana vereent märchenhaft Elementer mat Komedie an Drama.
“Campeonex” ass d’Suite vum Film “Campeones”, deen an enger fréierer Editioun vum Festival gewise gouf. Am Mëttelpunkt steet eng Basketekipp mat behënnerte Sportler. Am zweeten Deel ënnerleeft der Trainerin e Mëssel: aplaz fir e Basketstournoi, mellt si d’Ekipp “Los amigos” fir eng Competitioun an der Liichtathletik un, wat nawell fir Opreegung a spannend Situatioune suergt. Natierlech maachen d’Amigos dat Bescht doraus a weisen och dës Kéier nees, wat an hinne stécht.
“Yuli-the Carlos Acosta Story” ass e Biopic ronderëm de kubaneschen Dänzer Carlos Acosta, dee sech iwwregens selwer als Erwuessene spillt. De Film begleet de “Yuli” (sou de Spëtznumm, deen hie vu sengem Papp krut) duerch seng Kandheet zu Havanna, wou hien 1973 als Jéngst vun 11 Kanner gebuer gouf, seng éischt Erfarungen an der Balletsschoul bis zu sengem Erfolleg op den internationale Bünen.
“Te estoy amando locamente” (Love & Revolution) spillt am Joer 1977 zu Sevilla, zu enger Zäit an der Homosexualitéit a Spuenien als e Verbriechen ugesi gouf. Am Mëttelpunkt vun der Handlung stinn eng Mamm, d’Reme an hire Jong, de Miguel, an den Ufankszäite vun der LGBTQ-Zeen an Andalusien.
“1976" (Chile ’76) vun der Realisatrice Manuela Martelli spillt zu Zäite vum Pinochet-Regime. D’Carmen huet vun der Realitéit an hirem Land bis dohi wéineg matkritt, mä dat ännert sech, wéi si gefrot gëtt, e blesséierte jonke Mann ze verstoppen.
An der Isabel Coixet hirem Film “Un amor” gëtt eng Freelance-Iwwersetzerin an engem klenge spueneschen Duerf mat den alldeegleche klengen Aggressioune konfrontéiert, deenen si als Fra ausgesat ass.
“Intemperie” (Out in the Open) spillt a Spuenien an der Zäit nom Biergerkrich. De Film vum Benito Zambrano notzt Erzieltechniken, déi ee gemengerhand éischter mam Genre vum Western a Verbindung bréngt.
“Robot Dreams” ass en Animatiounsfilm, dee ganz ouni Dialog auskënnt. D’Geschicht vun der Frëndschaft tëscht engem Hond an engem Roboter ass beim Festival zu Annecy ausgezeechent ginn a konnt och de Goya als beschten Animatiounsfilm gewannen. Och dëse Film ass fir en Oscar nominéiert.
27/2 19:00. Utopia. Sesión especial de presentación del Festival. Avant première 20.000 especies de abejas. Estibaliz Urresola Solaguren. (2h, 9m) VO, st EN.
12/3 20:00. Utopia. La sociedad de la nieve. Juan Antonio Bayona. (2h, 24m). VO, st FR, NL.
13/3 19:00. Utopia. Historias para no contar. Cesc Gay. (1h, 39m) VO, st EN.
14/3 19:00 . Utopia. Las chicas están bien. Itsaso Arana. (1h, 25m) VO, st EN
15/3 17:15. Utopia. Campeonex. Javier Fesser. (2h, 8m) VO, st EN
16/3 18:30. Cinemateca. Yuli. Icíar Bollaín. (1h, 50m) VO, st EN.
17/3 17:30. Cinemateca. Te estoy amando locamente. Alejandro Marín (1h, 47m) VO, st EN.
18/3 19:00. Utopia. 1976. Manuela Martellil (1h, 40m) VO, st EN
19/3. 19:00 Utopia. Un amor. Isabel Coixet. (2h, 8m) VO, st EN
20/3 20:30. Cinemateca. Intemperie. Benito Zambrano. (1h, 45m) VO, st EN.
21/3 17:00. Utopia. Robot Dreams. Pablo Berger. (1h, 42m).
22/3 20:00. Utopia. La sociedad de la nieve. Juan Antonio Bayona. (2h 24m) VO, st FR, NL.