Dokumentartheater oder dokumentéierten Theater. Esou bezeechnen d’Renede Pierlot an de Ian De Toffoli hir leschte Collaboratioun, Léa et la théorie des systèmes complexes, am Kapuzinertheater. En engagéiert Stéck, dat op d’Hannergrënn vu gesellschaftleche Problematiken ageet an alternativ Vuen op dëst virstellt.
D’Geschicht vun enger jonker Lëtzebuergerin, déi sech mat den Zesummenhäng tëscht der Weltwirtschaft an der Ëmweltkris konfrontéiert gesäit. Zesummenhäng, déi de Publik net nëmmen an d’Vergaangenheet vun der Weltgeschicht, ma och an déi vu Lëtzebuerg reesen deet. Op der Bün gëtt d’Geschicht vun der Famill Koch parallel zum Léa sengem Kampf fir ekologesch Gerechtegkeet duergestallt.
Koch, respektiv “Coke” industries. Mat 120 Milliarden Dollar, déi zweetgréisste privat Entreprise an den USA. Spezialiséiert ass dëse Betrib ënnert anerem an der Hierstellung vu Chemikalien an dem Veraarbechte vu fossillen Energiequellen. Zu Lëtzebuerg sëtzt notamment eng vun den interne Banke vu Koch Industries, déi sech ëm d’Finanzen an Europa këmmert. E Stéck also, mat direktem Bezuch op d’Realitéit, ouni laang Ëmweeër iwwert Poesie oder Metapheren. Eng Approche, déi sech Dokumentartheater oder dokumentéierten Theater nennt an esou fir déi zwee Kënschtler, stänneg u Relevanz gewënnt.