No 9 Joer PausD'Band No Doubt trëtt um Coachella-Festival op

RTL Lëtzebuerg
No Doubt si bekannt fir hir Hits wéi ënner anerem "Don't Speak". Mat deem Lidd ass d'Gwen Stefani fir d'lescht 2015 opgetrueden.
© AFP Archivbild

Wéi d’Organisateure vum berüümte Festival bekannt ginn hunn, wäert d’Rockband No Doubt op den zwee Weekender am Abrëll op der Coachella-Bün am kaliforneschen Indio stoen. Dat ass eng éischte Kéier zanter néng Joer, dass d’Band dann nees gemeinsam op enger Bün steet.

Headliner vum Coachella dëst Joer sinn d’US-Sängerin Lana Del Rey, den US-Rapper Tyler, The Creator an d’Rapperin Doja Cat. Optriede wäert ënner anerem awer och de mexikanesche Sänger Peso Pluma, de kolumbianesche Reggaeton-Sänger J Balvin an den New-Yorker-Rapper Ice Spice.

De Coachella zielt zu de gréisste Museksfestivallen op der Welt.

Back to Top
CIM LOGO