New YorkD'Diere vum MoMA sinn erëm op

RTL Lëtzebuerg
No bal 6 Méint Corona-Paus huet den New Yorker Museum of Modern Art zanter en Donneschdeg nees op.

D’Reouverture huet allerdéngs net enorm vill Visiteuren ugezunn. Ma déi, déi de Wee an de Musée an der US-Metropol en Donneschdeg fonnt hunn, konnten dovu profitéieren, déi weltberüümte Wierker vu Kënschtler wéi dem Van Gogh, Warhol oder Monet ouni d’gewinnte Massen u Leit ze genéissen.

An och an den nächste Woche bleift d’Zuel vu Visiteure limitéiert. Am Virfeld muss e bestëmmten Zäitfënster fir d’Visitt gebucht ginn. Pro Stonn ginn all kéiers just 100 Persounen an de Musée eragelooss.

Nieft dem MoMA soll e Samschdeg och de gréisste Musée vu New York, de Metropolitan Museum of Art seng Dieren erëm opmaachen. All déi aner Muséeë bleiwen awer nach bis Ufank Oktober zou.

Back to Top
CIM LOGO