RIPDe 50 Joer ale Batteur vun de Foo Fighters ass dout

RTL Lëtzebuerg
Den Taylor Hawkins gouf dout an engem Hotel zu Bogota a Kolumbien fonnt. Bei der Autopsie goufen 10 verschidde Substanzen a sengem Kierper festgestallt.

D’Foo Fighters sollte bei engem Musekfestival an der kolumbianescher Haaptstad optrieden a ware grad op Tour a Südamerika.

D’Band ëm de Sänger Dave Grohl wier duerch den “trageschen an ze fréie Verloscht vun hirem léiwe Kolleeg um Buedem zerstéiert”, heescht et op Twitter. Zu den Hannergrënn huet sech d’Band net geäussert. Den Taylor Hawkins souz zanter 1997 fir déi international bekannte Rockband un der Batterie.

Nom stënterlechen Dout vum Batteur vun de Foo Fighters si bei enger éischter Autopsie zéng verschidde Substanzen a sengem Kierper festgestallt ginn, dorënner THC (Marihuana), Antidepressiva an Opioiden. Dat huet den zoustännege Parquet a Kolumbien matgedeelt. Éischten Informatiounen no hätt den Hawkings iwwer Péng an der Broscht geklot an et wier eng Ambulanz geruff ginn. Wéi déi ukomm ass, war de Museker schonn dout.

Back to Top
CIM LOGO