Éischten Artist annoncéiertDe Gims kënnt fir déi 6. Editioun vun de Francofolies op Esch

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg de Moie gouf den éischten Artist fir déi 6. Editioun vum Museksfestival annoncéiert, dee vum 12. bis de 14. Juni 2026 nees um Gaalgebierg zu Esch-Uelzecht organiséiert gëtt.
© Francofolies

De Gims ass ee franséische Rapper a Sänger, dee fréier zu der Grupp “Sexion d’Assaut” gehéiert huet. Bekannt ass hien ënner anerem duerch Lidder wéi “Est-ce que tu m’aimes?” oder “Ninao”. Am Summer 2026 wäert hien déi 6. Editioun vun de Francofolies mat sengem Optrëtt um Sonndeg als groussen Héichpunkt ofschléissen.

Wien nach alles op deem Weekend optrëtt, wäert an nächster Zäit vun den Organisateure matgedeelt ginn. Mat der Annonce vum éischte Kënschtler ass et vun elo un awer och scho méiglech, sech Tickete fir de Festival ze sécheren.

Communiqué de presse - GIMS et ouverture de billetterie.pdf

Back to Top
CIM LOGO