Um Festival goufen eng sëllege Genrë gewisen. Dat geet vu Fiktioun iwwer Documentaire, Horror, Komedie, bis Animatioun, esou dass all méiglech Zorte vu Publikum ugeschwat ginn.
Den Haaptpräis konnt “Terrestrial Verses” vum Ali Asgari an dem Alireza Khatami gewannen. Dodernieft huet de Film och den internationale Kritikerpräis kritt.
“5 seasons of revolution” vum Lina krut de Jugendpräis.
“Reas” vum Lola Arias krut de Präis vum Documentaire
“Noire” krut de VR-Präis.
“El Echo” vum Tatiana Huezo krut den 2030-Präis.
Zu gudder Lescht bleift nach de Präis vum Public, deen u “Gasoline Rainbow” vun de Bridder Ross goung.
Hei geet et op d’Säit vum Luxembourg City Film Fest.
