
Als Arthur Spooner an der US-Serie “King of Queens” ass de Jerry Stiller eréischt richteg bekannt ginn, relativ spéit a senger laanger Karriär. Elo ass de Schauspiller am Alter vun 92 Joer, aus natierleche Grënn gestuerwen. Dat huet säi Jong, de Schauspiller Ben Stiller, op Twitter matgedeelt.
“Hie war e groussaartege Papp a Bopa an zanter ongeféier 62 Joer deen engagéiertste Mann vum Anne. E wäert ganz vill vermësst ginn.”
Den Jerry Stiller ass 1927 als eent vu 4 Kanner zu New York op d’Welt komm. Studéiert hat hie Speech an Drama. 1954 huet hie seng Fra Anne Meara bestuet, och eng Actrice. Hir 2 Kanner, Ben an Amy Stiller, hu wéi hir Elteren Karriär an der Schauspillerei gemaach.
Seng éischt Schrëtt hat de Jerry Stiller am Broadway a war spéider a verschiddenen Tëleesserien zu Gaascht. Berüümt ginn ass hien duerch seng Roll als Frank Constanza an der Serie “Seinfeld” an a senger Roll als Papp vum Leah Remini an der Serie “King of Queens”.