
Fir d’Organisateuren ass dat awer kee Grond “d’Handduch ze schmäissen”, ëmsou méi wichteg wier et, d’Kultur an hir Strukturen zu Corona-Zäiten um Liewen ze halen. Och wann de Festival, deen et elo schonn zanter 7 Joer gëtt, net a senger gewinnter Form wäert sinn, hunn d’Organisateuren sech et net huele gelooss de Leit eng Alternativ ze bidden.
Den 30. Mee vu 14 Auer un heescht et deemno “Koll an Aktioun on Air”.

An Zesummenaarbecht mam Radio 100,7 organiséiert d’Kollibri asb en digitalen an interaktiven Festival fir déi ganz Famill. Wéi och schonn bei de leschten Editiounen läit de Fokus vum Festival op der Musek, der Kultur, dem Iessen an engem Programm, dee sech un all Alter adresséiert. Nieft Online-Concerten si wéi gewinnt Kach-Kueren, interaktiv Workshoppen, Interviewen a virtuell Visitte geplangt.
Wieder Detailer iwwert d’Programmatioun ginn et an den nächsten Wochen. Early Birds Tickete gi rembourséiert.
