
Tëschent dem 27. Oktober an dem 19. November wiere véier Verdächteger interpelléiert an an Untersuchungshaft placéiert ginn, sou de Parquet an engem Schreiwes e Freideg de Moien. Éischten Erkenntnisser no sollen d'Schëss am Kontext vun engem Konflikt tëscht rivaliséierende Gruppe gefall sinn. Deemools war jo an der Nuecht matzen am Déifferdenger Zentrum op der Kräizung vun der Avenue de la Liberté mat der Grand-rue aus engem Auto raus op Foussgänger geschoss ginn. Blesséierter gouf et keng, d'Dot war och vun enger Visupol-Kamera gefilmt ginn.
Am Kader vun den Ermëttlungen deelt de Parquet weider mat, datt ënnert anerem e puer Gefierer, wéi och zwou Schosswaffe saiséiert goufen.
Ënnerstrach gëtt och déi besonnesch Gravitéit vun de Faiten, déi net nëmmen déi involvéiert Leit, mä och aner Persounen a Gefor bruecht hätten.
De Gebrauch vu Schosswaffen am Espace public bräicht eng streng a konsequent juristesch Äntwert. D'Enquête an dëser Affär leeft iwwerdeems weider. Notamment ginn nach technesch a ballistesch Expertisen duerchgefouert.