Gewannt d'Kannerbuch vum Paul McCartney!De magesche Kompass

RTL Lëtzebuerg
De magesche Kompass, sou heescht d'Kannerbuch vum Paul McCartney! Jo genee, dee Paul McCartney, deen een als legendäre Beatles-Member kenne geléiert huet.

En ass elo ënnert d’Kanner-Schrëftsteller gaangen an huet elo dëst flott faarwegt Buch erausginn an dat a Lëtzebuerger Sprooch. D’Marie Gales huet et gelies.

“Hey Grandude!” heescht et am Original an et ass net dat éischt Buch, dat den englesche Museker erausginn huet, awer dat éischte Kannerbuch fir ze liesen an et virgelies ze kréien. De Paul McCartney huet selwer eng 8 Enkele a gëtt vun hinne Grandude genannt. Dëst huet dunn zum Titel vu sengem Kannerbuch gefouert.

D’Myriam Welschbillig huet et op Lëtzebuergesch iwwersat a war och méi wéi houfreg dëst dierfen a kënnen ze maachen.

De Paul McCartney selwer sot: „Ech wollt e Buch schreiwen, fir datt d’Grousselteren iwwerall op der Welt eng Geschicht hunn, fir hiren Enkelkanner virzeliesen.“

De magesche Kompass

Gewannt d’Buch

Back to Top
CIM LOGO